portfolio
E puer Projeten, déi ech am Kader vu menger professioneller Aktivitéit an als Schrëftstellerin ëmgesat hunn.
Kommunikatioun
CHEM
Verschenk Däi Stär
Eng sozio-edukativ Aktioun, déi e solidarescht Netzwierk schaaft. Zesumme mat iwwert 30 Maisons Relais goufen am Laf vun de Joren Dausende vun Häerzer a Stäre gebastelt an un d’Patienten aus dem CHEM verdeelt.
Red-y
Eng Anti-HIV Campagne am Kader vu menger berufflecher Karriär am CHEM. Zesumme mat der HIV-Berodung vun der Croix-Rouge, dem Lycée de Garçons Esch a parrainéiert vum Gesondheetsministère. Fir déi Jugendlech an hirer eegener Sprooch ze sensibiliséieren, gouf e Flyer opgestallt an e Sensibiliséierungs-Musical mat Schüler aus dem LGE opgefouert.
Pink Mob
E Flash-Mob als Zeeche vu Solidaritéit fir Leit, déi vun engem Broschtkriibs betraff sinn.
CHDN
Gléckssteen
Eng transversal a multicibléiert Campagne am Kader vun der Journée Cancer. Duerch en Appel d'offres goufen 30 Lëtzebuerger Kënschtler*inne mobiliséiert, e Wierk ze spenden, déi duerch Done parrainéiert goufen, fir dono u Strukture gespent ze ginn. Highlight vun der Aktioun war eng Ausstellung am CAPE, kuratéiert vum Danielle Igniti.
Wéi geet et Dir?
Eng grouss ugeluechte Campagne zu der Santé Mentale, déi als Objektiv hat, Tabuen ze briechen a méi Oppenheet ze fërderen. D’Interviewe mat betraffene Mënschen, déi op Facebook publizéiert goufen, haten 300.000 Views.
Am Kader vun der Campagne gouf zesumme mam Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS) de Projet #Shareyourcloud an d’Liewe geruff, e Projet, dee mir ganz besonnesch um Häerz loung.
Geschichten & méi
Kannerkëscht- Radio 100,7
Zënter e puer Joer schreiwen ech Geschichte fir de Radio 100,7 an huelen se och selwer op. Cible si Kanner vun 3-12 Joer. E puer dovunner fannt dir ënnert folgende Links.
De Jos an déi Saach mam Roby Robocat
Den Dag wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf
De Jos an di krass Dännebamrevanche
De Mukami sicht d’Chrëschtkëndchen
De Jos an déi aussergewéinlech Schnéinonna
De Jos an déi onvergiesslech Ouschterrees op Roum
Magic Forest - Summerdream Steinfort
En Theaterstéck fir Kanner vu 6-10 Joer, dat am Kader vum Summerdreamfestival 2022 mat Liichtinstallatioune vun der ASBL Aktikulti an ënnert der Leedung vum Nicole Tomasina an der fräier Natur opgefouert gouf.
D’Lotti sicht seng Noss
Literaresch Kreatioune fir Kanner vun 3-5 Joer am Kader vum Naturfestival (Saison 2022/23). D’Stéck gouf vum Caroline Richards inzenéiert.
Projet Tiny Books
Am Kader vum Bayota, organiséiert vun der Gemeng Bartreng, hunn ech d’Schüler dobäi ënnerstëtzt, de Plot an den Text vun hire Bichelcher opzestellen. Zesumme mat der Illustratrice Elena Selena (Gallimard Jeunesse) hunn ech selwer en Tiny Book realiséiert.
E Stär fir de Granz-Mulles
Theaterstéck am Kader vum Summerdream Festival 2023. E spannend Stéck, dat d’Empathie fërdert, Solidaritéit thematiséiert, ouni moralesch ze sinn.
Dee klenge Stär
En interaktiivt Stéck fir Kanner vun 3-5 Joer, dat d’Imaginatioun vun de Kanner fërdert.