servicer

Minihub-Stories fir Kanner

Theaterstécker, Texter a Geschichte fir déi kleng Butze vun 3-5 Joer, Stécker fir méi grouss Kanner ̶ dat ass mäin Terrain. Op Basis vun engem festgeluechte Kaderthema, vu Schwéierpunkten oder ganz fräi – ech sinn oppe fir all Iddi a setzen Demanden an enger kuerzer Zäitspan zouverlässeg ëm.

Workshops fir all Alter

Interaktiv Projete maache mir besonnesch vill Freed. Schreif-Workshop, Graffiti-Writing zesumme mat engem Kënschtler, konzeptuell Atelieren am Kader vu Sensibiliséierungskampagnen zu Themen, déi Iech um Häerz leien – dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu Servicer, déi ech op Grond vu menger laangjäreger Erfarung kann ubidden.

Liesungen

Wie Bicher schreift, muss och virliesen. Ech komme gäre bei Iech a bidden op Demande jee no Cible Liesungen un. Gären och mat Workshops verbonnen. Duerch mäi Jugendbuch „Koma 21“ a mäi Kannerbuch „Toni Konfettoni“, hunn ech en adaptéierte Programm fir Schoulen.

Communication &
Relations publiques

Am Laf vu menger Karriär am Kommunikatiounsmanagement hunn ech mäin eegene Stil entwéckelt. Eng human, empathesch a kreativ Kommunikatioun, axéiert op d’Besoine vun der Cible an ëmmer engagéiert en oppent Ouer ze hunn, war mir wichteg. Genee wéi op den Terrain ze goen, an de Vibe ze spieren. Ech hu mir versprach, no bei de Leit ze bleiwen. Wann dat och Är Philosophie ass, sinn ech de richtege Komm-Expert fir Iech an Är Projete konzeptuell, strategesch a redaktionell mat Fokus op Storytelling ze ënnerstëtzen.

Krisekommunikatioun

Krisen hunn ech eng ganz Partie gemanagt. Ech si staark an effikass doran, och a Momenter, wou de Stresslevel explodéiert. Mat menger Expertis beroden ech gär, wann et brennt, an Iech eng mënschlech an transparent Kommunikatioun wichteg ass.

Discoursen

E gudden Discours brauch eng Story. Dee muss d’Leit beweegen a beréieren – och wann d’Matière dréchen ass. Ech ënnerstëtzen Iech mat enger Ried op d'Mooss.